Course overview
Dem Lapina seng Entdeckerplatz
Schrëtt 1: Chrëschtdag - Wat ass dat eigentlech?

Chrëschtdag ass e Fest, dat zu Lëtzebuerg a ville Fammillje gefeiert gëtt - mat vill Liicht, Kadoen an engem besonneschen Dännebaam am Haus: dem Chrëschtbeemchen. 

Am éischte Schrëtt geet et drëm, datt d’Kanner erzielen, wéi si selwer Chrëschtdag erliewen:
  • Wéi feiert dir doheem?
  • Hutt dir en Chrëschtbeemchen?
  • Wat hänkt dir dorunner?
  • A wann et kee Bam gëtt – wat gehéiert dann zu ärem Fest?
D’Kanner kucken zesumme Fotoen a Biller vu Chrëschtzäiten a schwätzen driwwer. Duerno dierfen si hieren eegene Bam molen a dekoréieren – oder, wann si keen doheem hunn, dat molen, wat si mat hirer Famill an der Chrëschtzäit maachen.


🎓Firwat ass dat wichteg?
  • Kanner ginn ofgeholl bei hiren eegene Erfahrungen – dat mécht si opmierksam a motivéiert.
  • Jidderee kritt Raum fir säi perséinlechen Hannergrond – och wann d’Traditiounen anescht sinn.
  • D’Erzielen iwwer bekannt Erfarunge léisst Sprooch natierlech entstoen.
  • Et hëlleft de Kanner, Bezug zur Geschicht „De gëckege Chrëschtbeemchen“ opzebauen.

🎯D’Ziler vun dësem Schrëtt:
  • D’Kanner kréien e bewosste Start an d’Thema „Chrëschtdag“
  • Se léieren erzielen, nolauschteren a matenee deelen
  • Si üben Wuertschatz am Zesummenhang mat hirem Alldag
  • Si bereeden sech optimal op déi nächst Schrëtt vun der Lieszäit vir

👉 Wichteg:
Halt d’Reiefolleg vun den Aktivitéiten an – esou baut all Schrëtt systematesch op deen aneren op. Nëmme sou kréien d’Kanner kloer Struktur, Sécherheet a lues a lues méi Sprooch- a Lieserfarung.