Course overview
Dem Lapina seng Entdeckerplatz
Schrëtt 2: Nei Wierder entdecken

Am zweete Schrëtt léieren d’Kanner de Wuertschatz vun der Geschicht kennen.

Zesumme kucke si grouss Biller an entdecken déi Saachen, déi spéider am Buch virkommen: Muerten, Nëss, Hunnegdëppercher, Bleistëfter, Déieren, Beem …
Mat Spill a Beweegung setzen d’Kanner déi nei Wierder a Bezuch zu deene Biller. Zum Beispill:
  • Wierder soen a mam richtege Géigestand kombinéieren
  • Lauschterspiller mat verstoppten Objeten
  • Silben zielen a mat klengen Objeten noleeën
🎓Firwat ass dat wichteg?
  • Kanner ginn ofgeholl bei hiren eegene Erfahrungen – dat mécht si opmierksam a motivéiert.
  • Jidderee kritt Raum fir säi perséinlechen Hannergrond – och wann d’Traditiounen anescht sinn.
  • D’Erzielen iwwer bekannt Erfarunge léisst Sprooch natierlech entstoen.
  • Et hëlleft de Kanner, Bezug zur Geschicht „De gëckege Chrëschtbeemchen“ opzebauen.

🎯D’Ziler vun dësem Schrëtt
  • Nei Wierder kenneléieren a mam Bildmaterial verknëppen
  • Wuertschatz festegen duerch sech widderhuelend Spiller
  • E Gefill fir Silben entwëckelen – als Basis fir zukünfteg Liesfäegkeeten
  • Virbereedung op d’Geschicht– esou kënne si aktiv matschaffen, wann de Bam geschmückt gëtt

👉 Wichteg:
D’Reiefolleg vun den Aktivitéite soll agehale ginn – well nëmme sou bauen d’Kanner Schrëtt fir Schrëtt Sprooch- a Liesverständnis op. All Schrëtt ass e Steechen op deem Wee, deen hinnen d’Geschicht méi oppen an erkennbar mécht.