Course overview
Dem Lapina seng Entdeckerplatz
Schrëtt 3: D’Geschicht entdecken

Am drëtte Schrëtt geet et endlech un d’Geschicht selwer.

D’Kanner gesinn als éischt de Cover vum Buch oder d’Biller am Kamishibai. Zesumme gi Froen gestallt:
  • „Em wat kéint et an dëser Geschicht wuel goen?“
  • „Wien sinn déi Déieren hei um Cover?“
  • „Wat mengen dir, geschitt do?“
Duerno gëtt d’Geschicht virgelies oder erzielt – entweder mam Billerbuch oder mam Kamishibai. Fir nach méi Déift kënnen och kleng 3D-Materialien benotzt ginn, déi d’Kanner an méi déif an d’Erzielung erakomme léisst.
🎓Firwat ass dat wichteg?
  • Kanner léieren sech eng inhaltlech Virstellung  ze maachen – eng wichteg strategesch Lieskompetenz.
  • Si erliewen d’Geschicht net passiv, mee si ginn aktiv agebonnen.
  • D’Kombinatioun vu Bild, Sprooch a Material mécht d’Geschicht méi konkret an d'Kanner kënnen se doduerch besser verhalen.
  • Lauschteren an Nolauschtere gëtt gezielt geübt – eng Basis fir weider Liesfäegkeeten.

🎯D’Ziler vun dësem Schrëtt
  • Opmierksam lauschteren a Biller mat dem Erzielte verknëppen
  • Sech eng Virstellung maachen an eegen Iddien deelen
  • Freed un der Geschicht entwéckelen – Lauschteren als Erfarung genéissen
  • Bezuch zu de Personnagen opbauen (Lapina, Ursus, Skirli, Snake)

👉 Wichteg:
Halt d’Reiefolleg vum Schrëtt genee an. Fir d’Kanner ass et wichteg, éischt Erwaardungen ze formuléieren, dann d’Geschicht ze héieren, an dono eréischt an de nächste Schrëtt ze goen. Esou gëtt Sprooch Schrëtt fir Schrëtt mat engem logeschen Opbau vermëttelt an d’Kanner fille sech sécher.